Electronic Mill Game

The followers of #ComputerHistory may be interested in the electronic mill game board that I designed in 1976 at the Swiss Federal Institute of Technology in Zurich.
It was used to teach the concept of bits (on/off), bytes (8 bits in a square) and communication protocols (hand-shaking) between computers and humans.
The positions of mill tokens are recognized by photodiodes.
A blinking LED indicates to the human player where to set the mill token of the computer or which human token to take away in the case of a computer mill.
The permanent LED change to on or off confirms the correct action.
The GIF animation shows a typical game where the computer uses red mill tokens.

The mill game is also referred to as nine-man morris, mill, mills, the mill game, merels, merrills, merelles, marelles, morelles, ninepenny marl and “cowboy checkers” (it was often printed on the back of checkerboards). The Mill game is believed to have been played in the Roman Empire.


Elektronesch Millchen
Virun bal 45 Joer hunn ech an der Pionéierzäit vun de Mikroprozessoren eng elektronesch Millchen gebaut. Inspiréiert gouf ech deemools vum Projet “Mühlespiel mit dem Computer” am Kader vun “Schweizer Jugend forscht 1976”. Am Mëttelpunkt stoung net de Programm fir Millchen ze spillen, mee d’Kommunikatioun tëschent Mënsch a Computer. Op all Eck a Kreizungspunkt vum Millchebriet ass eng Photodiode agebaut, déi erkennt op watfier Plaazen e Millchesteen gesat ass. Niewent der Photodiode ass eng rout LED agebaut, mat där de Computer duerch Blénken sengem mënschleche Géigner matdeelt wat hien soll machen. Well de Computer keng Hänn huet muss de Mënsch him seng Millchesténg op déi gewënschten Positioune setzen oder réckelen. Blénken op enger eideler Positioun wärend der Setzfaas heescht: Setz mäi Steen op déi Platz. Blénken tëschent zwou Positiounen wärend der Zuchfaas heescht: Réckel mäi Steen op déi nei Platz.
Wann de Computer eng Millchen zoumécht wäisst hien duerch Blénken un watfireen Steen vum Géigner soll ewechgeholl ginn. Wann de Géigner säin eegenen Zuch oder dem Computer säin Zuch ausgefouert huet, confirméiert deen mat permanentem Liichten vun der LED dass hien d’Ännerung erkannt huet. Esou e Kommukatiounsprotokoll gëtt “Handshaking” genannt. Zoustänn vun der Photodiode (hell oder däischter) a vun der LED (un oder aus) gëtt mat engem Bit beschriwwen (1 oder 0). Déi 8 Bit an engem Quadrat vum Millchebriet formen e Byte. Am ganzen brauchen mer 6 Bytes fir de Spillstand zu jidder Zäit ze beschreiwen. Bits a Bytes waren deemools net esou geleefeg wéi haut a ech hunn meng elektronesch Millchen am Unterrecht agesat fir de Studenten déi Konzepter anschaulech ze vermëttelen.An engem groussen Concours iwwert Schaltungstechnik vun der Zäitschrëft Elektronik hat ech 1997 mam Millchespill den néngten Preis gewonnen.
Ech hunn eng kleng GIF Animatioun zesummegestallt wou ee gesäit wéi eng Millchepartie mam Computer ofleeft. De Computer spillt rout, de Mënsch schwaarz. Wien sech selwer e staarke Partner fir e Millchespill wënscht fënnt deen online op https://www.chesspoint.ch/muehle-spielen.

Documentation

Links